Home

Eis Geschicht

Dat alt Gemengenhaus vun der Stad Déifferdeng ass am Gaang renovéiert ze ginn a gëtt nei ageriicht fir do en integréierte Centre culturel ënnerzebréngen.

Verschidde kulturell Aktivitéite wäerten do ideal Konditioune virfannen, wou se all ënnert engem Dag wäerten ofgehale kënne ginn.

Bei dësen Aktivitéiten handelt et sech ëm déi aktuell kulturell Institutioune vun der Stad Déifferdeng, wéi zum Beispill d’Bibliothéik, d’Musekschoul an d’Lokaler fir aner Aktivitéiten, zum Beispill Ausstellungen, Concerten, Theaterstécker, Virliesungen …

Dës verschidde kulturell Aktivitéite sollen en heterogene Public aus der Groussregioun unzéien.

brasserie-restaurant

Chez AMADO-Aalt Stadhaus

D’Brasserie-Restaurant Chez Amado empfänkt Iech a senge Raimlechkeeten am Centre Culturel Aalt Stadhaus vun 11:00 Auer bis Mëtternuecht.

Den Amado proposéiert Iech lecker italienesch Spezialitéiten, gegrilltent Fleesch a verschidden Zaloten.
Dat Ganzt, selbstverständlech, mat frësche Produiten, déi gewéinlech den Dag selwer geliwwert ginn.

All Mëtte gëtt e Plat du jour zu engem Präis vun 10,50 € zerwéiert.
Mat Entrée oder Dessert ass de Präis vum Plat du jour 13,50€.

D’Kaart gëtt jee no der Saison reegelméisseg iwwerschafft.

Onbedéngt schmaachen!
De leckeren Amado Burger mat frëschem Brout a Rëndfleesch vum Dag selwer, flambéierte Nuddelen, Jambon Serranon, Fritten an Zalot.

Horairen

Méindes: Vun 11:00 bis 18:00 Auer
Vun dënschdes bis samschdes: Vun 11:00 bis 00:00 Auer
Sonndes zou

Informatiounen a Reservatiounen: 

chez.amado@gmail.com